Wat de Kim betrëfft

Am Alter vu 14 Joer huet de Kim Kirchen seng Cyclistecarrière 1992 am Veräin ACC Contern ugefaang. 1999 gouf hie Landesmeeschter bei den Espoirs an ass dunn an d ‘Sportsektioun vun der Arméi agetrueden. Duerno huet hien sech an der italienescher Formatioun De Nardi perfektionéiert. Op de Weltmeeschterschafte vun den Espoirs huet hien zweemol de Podium als Véierte knapp verfeelt (1999 an 2000). No enger Etappevictoire an enger gudder zweeter Plaz am Schlussklassement vum Tour de Slovaquie 2000 gouf de Kim fir d ‘éischte Kéier als beschte Sportler vum Joer gewielt.

Am Joer 2001 ass hie vum Giancarlo Ferretti, dem sportlechen Direkter vun der Équipe Fassa-Bortolo, als Profifuerer engagéiert ginn. De Kim huet déi drëtt Etapp vum Tour de Luxembourg gewonnen a gouf de Véierten am Tour de Pologne. 2002 war hien deen éischte Lëtzebuerger, deen den Tour de Hollande konnt gewannen, an ee Joer méi spéit huet hien sech an enger Etapp vum Tour Méditerranéen als Vainqueur duerchgesat, gouf de Véierten am Tour de Suisse an huet d ’Klassik Paris - Bruxelles fir sech entscheet.

Jeux olympiques 2004 à AthènesBei den Olympesche Spiller 2004 zu Athen huet de Kim Kirchen sech als Sechste klasséiert, a vun der Saison 2005 ass virun allem seng éischte Plaz am Schlussklassement vum Tour de Pologne zréckzebehalen. Duerno krut hien e Kontrakt bei der däitscher Formatioun T-Mobile an huet 2006 déi zweete Plaz bei Tirreno – Adriatico an och am Tour de Suisse erreecht. Am Tour de France 2007 huet de Kim seng Qualitéiten als Etappefuerer mat enger schéiner siwenter Plaz am Generalklassement ënnerstrach. Hie krut och als Zweete vun der Etapp Foix – Loudenvielle-Le Louron no der Disqualifikatioun vum Vinokourov d ‘Victoire zougesprach.

Flèche wallonne 2008Den Héichpunkt vum Kim senger Carrière war d ‘Saison 2008, wou hien am Trikot vu Columbia-High Road gefuer ass. Fir unzefänken huet hien zwou Etappen am Tour du Pays Basque gewonnen an den 23. Abrëll gouf de Kim den éischte lëtzebuerger Vainqueur vun enger vun deene schéinste Klassiken, der Flèche Wallonne. Am Tour de Suisse huet hie säi Leadertrikot, deen hien zu Verbier ugedoen hat, an der leschter Etapp géint Zäit mussen ofginn.

Tour de France 2008

Am Tour de France fanne mir hie sechsmol ënnert deene fënnef Éischten an den Etappen. Hien huet während véier Deeg de Maillot Jaune gedroen a war während sechs Etappen den Éischten am Punkteklassement. No der spéiderer Disqualifikatioun vum Bernhard Kohl  wéinst Doping ass de Kim Kirchen op déi siwent Plaz am Schlussklassement virgeréckelt an ass aus deene selwechte Grënn och als Vainqueur vun der Etapp géint d ‘Zäit vu Colet op Cholet (wou de Stefan Schumacher den Éischte war) erkläert ginn.

No enger Etappevictoire am Tour de Suisse 2009 huet de Kim Kirchen sech fir déi folgend Saison dem Team Katusha ugeschloss. An der Nuecht virun der zweetleschter Etapp vum Tour de Suisse 2010 gouf hien d ‘Affer vun engem Häerzstëllstand, konnt awer duerch déi direkt Hëllef vu sengem Dokter an engem Sanitäter gerett ginn. De Kim huet dunn allerdéngs seng Aktivitéiten als Proficoureur mussen opginn. 2011 ass hie beim Sportsministère agestallt ginn, wou hien de Moment an den Departementer vum Fräizäitsport a vun de Sportinfrastrukture schafft.

Text vum Henri BRESSLER - Fotoen vum Guy WOLFF, Pit ESPOSITO, Serge WALDBILLIG